Schoulconcoursen
Dir kennt Är Klass gäre fir een oder méi verschiddene Concoursen umellen. Dofir musst dir Iech just mat Ärem IAM aschreiwen. Et gi verschidde Variante vu Schoulconcoursen:
- autonom Concoursen;
- encadréiert Concoursen;
- 6 Wochen-Challengen.
Fir autonom durchféierbar Concourse kënnt dir Är Klass jidderzäit aschreiwen. Wann Dir registréiert sidd, hutt Dir Accès op sämtlech Dokumenter, déi Dir braucht, fir de Concours duerchzeféieren. Um Enn vum Concours kënnt Dir och selwer Certificate fir Är Schüler generéieren.
Wann Dir Iech fir en encadréierte Concours umellt, da gitt Dir vun engem Responsabele vun deem Concours kontaktéiert, fir e méiglechen Datum festzeleeën. Fir dës Concourse kënnt eng Persoun bei Iech an d’Klass, déi de Concours duerchféiert an och dat néidegt Material matbréngt.
Et ginn och verschidde 6 Wochen-Challengen; déi starten no der Allerhellegen-Vakanz. All 6 Woche kënnt eng nei Challenge, déi Dir mat Ärer Klass packe musst. Nodeem s Dir d’Challenge gemeeschtert hutt, kënnt Dir Fotoen oder Videoen dovun eroplueden. Déi beschte Klassen trieden da spéider an enger Finall géinteneen un.
Filteren
Kategorien
All
Problemléisung
Kommunikatioun
Beweegung
Kreativitéit
Alter
Cycle 3
Cycle 4
All
4ième - 1ière
7ième - 5ième
Youth Start Challenge fir eenzel Schüler
Debate Challenge
Youth Start Challenge fir ganz Klassen
Robot Challenge Intro: fir ganz Klassen
08/11/2023 - 24/04/2024