Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

MiMaMu Challenge

Zeréck goen 

Kuerz Beschreiwung

Du schaffs am Cycle 3 oder 4? Du wëlls Musek an däi schouleschen Alldag abauen, och iwwert de Museksunterrecht eraus? Du wëlls reegelméisseg nei Iddie fir Museksaktivitéiten? An du mengs, datt deng Klass prett ass, fir un eisem Museks-Challenge deelzehuelen a flott Präisser ze gewannen? Da bass du hei genee richteg. Gëff alles, zesumme mat denge Schoulkanner, a gewann den Titel „Déi musekalechst Klass 2024“.

Vum 8.11.23 u luet de SCRIPT all 6 Wochen (no der Schoulvakanz mëttwochs) en neie Museks-Challenge , passend fir all Cycle, op mimamu.lu erop.

Umelle fir déi éischt vun zwee Challengë kanns du deng Klass bis de 25. Oktober 2023.

Déi zweet Challenge kriss du mëttwochs, den 10. Januar 2024. Duerno fällt d’Entscheedung wéi eng Klasse fir déi drëtt Challenge an domat och fir d’Finall op der YEP-Schoulfoire qualifizéiert sinn. Dës drëtt Challenge ass d’Préparatioun op den Optrëtt op der YEP-Schoulfoire a start dann den 11. Mäerz.

Wéi ee Material s du fir déi jeeweileg Challenge brauchs a weider Informatiounen iwwert den Oflaf kriss du mat Zäit matgedeelt.

Um Enn vun all Challenge luets du e Video vun denger Klass op eng speziell SCRIPT-Plattform erop. Esou gesi mir, wéi eng Klassen aus all Cycle uechtert d’Land matgemaach an sech fir d’Finall qualifizéiert hunn.

Wann s du an deng Klass et no deenen 2 Challengë bis an d’Finall gepackt hues, hutt dir d’Chance dat wat dir an der Klass erschafft hutt virum Public op der YEP-Schoulfoire (22.04 – 24.04.2024)  ze presentéieren. Sidd dir prett iech op der Bün feieren ze loossen? Da meld iech un!

Aart vum Concours

6 Wochen Challenge

08/11/23, 10/01/24 an 21/02/24

Méi Infoen