Wat sees du? D’Debattéier-Challenge
Zeréck goen
Kuerz Beschreiwung
„Wat sees du?“ Ënnert dësem Motto steet d’Debattéierchallenge, déi sech fir d’Schouljoer 25/26 an engem neie Look presentéiert.
An dëser Challenge begleede mir iech beim Léiere vum Debattéieren a beim Opbau vun ärem eegenen Debattéierclub an der Klass. D’Debattéiere stellt eng besonnesch Form vu Kommunikatioun duer. Hei gëtt sech no klore Reegelen iwwert ee konkrete Sujet ausgetosch.
An dräi Interventiounen an der Klass schafe mir zesummen e Raum, an deem d’Schüler an d’Schülerinnen net nëmme schwätzen, mee wierklech gehéiert ginn, an an deem si mat Engagement iwwer Theemen diskutéieren, déi si beweegen. Si léieren net nëmmen, hir Meenungen ze strukturéieren a virzedroen, mee och nozelauschteren, ze reflektéieren an hir Positioun kloer a mat Respekt ze vertrieden. Sou gi Wierder an Argumenter zur Ausrüstung fir de Schoulalldag a wäit doriwwer eraus.
Nieft dem Léiere vu wichtege Kompetenze gëtt et och eng Challenge ze meeschteren. Fir déi bescht aacht Klasse besteet d’Méiglechkeet, un der éischter nationaler Debattéierfinall fir de Cycle 4 deelzehuelen.
Dir hutt eng Klass, déi net op de Mond gefall ass? Dir sicht no enger kreativer Aart a Weis, Sproochen-, Sozial- a Kommunikatiounskompetenzen op ärer Klass ze fërderen a gläichzäiteg demokratesch Prozesser e vermëttelen? Dann ass d’Initiativ Debate Club – Wat sees du? genee dat Richtegt fir iech.
Schreift iech an, fir méi gewuer ze ginn!
Agenda 2025 - 2026
- Aschreiwunge bis den 31.10.2025
- Challenge vum 10.11.25-27.03.2026
- Finall: 01.07.2026