Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Take Off Klassen Challenge – fir den ES

Zeréck goen

Kuerz Beschreiwung

Dir kennt se sécher: d’Take Off Show! D’Science Challenge Show vu Lëtzebuerg, an där Jonker kniwweleg Aufgabe léise mussen. (https://www.takeoffshow.lu/)

Dëst Joer geet net nëmmen d’Take Off Show an eng néi Staffel ma och den Take Off Klassenchallenge ! An dëst mat ganz neien Challengen !

Mir bréngen d’Challengen aus der Show, an Är Klass! Dir kritt eng Këscht mat all de néidege Materialien an Är Klass muss zesummen als Team déi beschte Léisung fir e Problem sichen, an dës dann ëmzesetzen. Dobäi léieren se dann nach ganz niewebäi wëssenschaftlech Phänomener kennen. D’Theeme behandele genausou Naturwëssenschaften ewéi och Ingenieurswëssenschaften. A natierlech gëtt et och eppes ze gewannen! Eng Coupe als Undenken an eng exklusiv Visite am Mr Science Labo mat flotten Experimenter!

Wéi funktionéiert dat elo mat dësem Take Off Klassenchallenge?

  1. Dir schreift Är Klass ab dem 15. September hei bei LevelUp an! Dir kënnt Iech bis de 31.10.2025 umellen. Mee déi éischt 30 Klassen si fir !
  2. All Klass kritt vun eis eng Këscht mam ganze Material fir d’Challenge ze léisen. Dir musst also selwer näischt besuergen!
  3. Dono luede mir de 10.11.2025, de 05.01.2026 an de 22.02.2026 jeeweils e neien Challenge op dës Säit erop gelueden. Dono huet Är Klass 6 Wochen Zäit, fir d’Challenge ze léisen.
  4. All Challenge ass an e puer Schoulstonne machbar, mee Dir hutt déi komplett 6 Wochen zur Verfügung, wann Dir méi laang drun tüftele wëllt.
  5. Als Beweis, datt Dir den Challenge gepackt hutt, musst Dir eis en Handy Video zoukomme loossen, matt deem mir jugéiere kënnen, wéi eng Klass d’Challengen am beschte geléist huet a soumat den Klassenchallenge gewënnt.
  6. Mir bidden Iech ausserdeem d’Méiglechkeet, un enger Formatioun mam Joseph Rodesch (Mr Science) a mam Lucie Zeches aus der Take Off Show deelzehuelen! Dëst ass awer kee Muss, fir bei dësem Klassenchallenge matzemaachen. D’Datume fir dës Formatioun fann dir esou bal se online sinn um Site vum IFEN.

D’Challengë si fir all Alter machbar, dat heescht all motivéiert Klassen aus dem Secondaire kënnen deelhuelen. Weist eis, wat Dir kennt! An denkt wgl. drun: d’Umeldung leeft vum 15. September bis den 31. Oktober.

Aart vum Concours

6 Wochen Challenge

10.11.2025, de 05.01.2026 an de 22.02.2026

Eng Initiative vun der André Losch Fondation an dem Luxembourg National Research Fund.

Du wëlls am Schouljoer 2025 -2026 dobäi sinn?

Dann klick op de Knäppchen “Ech sinn interesséiert” hei drënner a verpass domat net déi final Aschreiwungen.