Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Junior Robot Challenge – Intro fir ganz Klassen

Zeréck goen

Kuerz Beschreiwung

Dir schafft am Cycle 2 an hutt Loscht, mat Äre Kanner éischt Schrëtt an d’Robotik an an d‘Kodéierwelt ze woen? Da sidd Dir hei genee richteg, a keng Angscht, Dir braucht och keng Erfarung am Kodéieren ze hunn.

Hautdesdaags ass et essentiel, datt all Schüler d’Méiglechkeet kritt, d’Basiskonzepter vun der Informatik ze verstoen a se ze benotzen, fir Problemer ze léisen. Eng Robotik-Aktivitéit entwéckelt Fäegkeeten am logeschen Denken, Problemléisen, Teamwork a am Beräich vun der Kreativitéit. Et sinn dës interdisziplinär Fäegkeeten, déi och zentral an de Beräicher Mathematik, Naturwëssenschaften, Sproochen, asw. sinn.

Wärend der Challenge entdecken d‘Kanner déi villfälteg Asazberäicher vun engem Roboter, erstellen hiren eegene Roboter am Kader vun enger Upcyclingaktivitéit an erwächen dësen mat Hëllef vun enger eegener analoger Kodéiersprooch zum Liewen.

Mat e bësse Geschéck qualifizéiert Är Klass sech fir déi grouss Finall, wou Är Kanner d’Méiglechkeet gebuede kréien, hire Roboter engem breede Public virzestellen.

Concours 2025 - 2026

Aschreiwung bis den 31.10.25

Start vun der Challenge 10.11.25

Enn vun der Challenge an der Klass 18.03.26

Annonce vun de Finaliste 25.03.26

Finall op der YEP Schoulfoire 19.04.26

Du wëlls am Schouljoer 2025 -2026 dobäi sinn?

Dann klick op de Knäppchen “Ech sinn interesséiert” hei drënner a verpass domat net déi final Aschreiwungen.