Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Youth Start Challenge fir ganz Klassen

Zeréck goen 

Kuerz Beschreiwung

Du bass  Enseignant an wëlls d’Eegeninitiativ vun denger Klass fërderen?  Du wëlls den Entrepreneursgeescht vun denge Schüler a Schülerinnen stärken? Dir ass et wichteg dass deng Schüler Themen wéi Nohaltegkeet selwer entdecken, an Kompetenzen wéi Teamfähegkeet, Kommunikatioun, Kreativitéit a kritescht Denken weiderentwecklen? Dann entdeck d’You(th) Start Challengen zesumme mat denger Klass.

Oflaf:

De SCRIPT lued all 6 Wochen (no der Schoulvakanz mëttwochs) eng nei You(th)Start Challenge op levelup.lu erop.

Umelle fir déi éischt vun dräi Challengë kanns du deng Klass bis de 25. Oktober 2023.

Déi éischt Challenge gëtt Mëttwochs den 8. November 2023 lancéiert an adresséiert sech un SchülerInnen vun 7e-5e.

Déi zweet Challenge gëtt Mëttwochs den 10. Januar 2024 lancéiert an adresséiert sech un Schülerinnen vun 5e-3e.

Déi drëtt Challenge gëtt Mëttwochs, den 21. Februar 2024 lancéiert an adresséiert sech un Schülerinnen vun 3e-1ère.

Wéi e Material s du fir déi jeeweileg Challenge brauchs a weider Informatiounen iwwert den Oflaf kriss du mat Zäiten per Mail matgedeelt. Du kanns deng Klass (5e an 3e) fir eng eenzel oder méi Challengen umellen.

Um Enn vun der Challenge lueds du d’Material vun denger Klass erop. Esou gesi mir, wéi eng Klassen uechtert d’Land matgemaach hunn an sech fir d’Finall op der Schoulfoire qualifizéiert hunn.

Wann s du an deng Klass et bis an d’Finall gepackt hues, stellt deng Klass oder eng Ekipp aus denger Klass sech op der YEP-Schoulfoire (22.04 – 24.04.2024) mat anere Klassen enger leschter Challenge.

Aart vum Concours

6 Wochen Challenge

08/11/23, 10/01/23 an 21/02/23