Beweegungs Challenge an der Grondschoul
Zeréck goen
Kuerz Beschreiwung
Du wĂ«lls Beweegung an dĂ€i schouleschen Alldag abauen, och iwwert de Sportunterrecht eraus? Du wĂ«lls reegelmĂ©isseg nei Iddie fir Beweegungsaufgaben? An du mengs, datt deng Klass prett ass, fir un eiser Beweegungs-Challenge deelzehuelen a flott PrĂ€isser ze gewannen? Da bass du hei genee richteg. GĂ«ff alles, zesumme mat denge Schoulkanner, a gewann den Titel âDĂ©i beweeglechste Klass 2026â.
Vum 12.November 2025 u luet de SCRIPT all 6 Wochen (Ă«mmer no der Schoulvakanz mĂ«ttwochs) eng nei Beweegungs-Challenge op Teams an de Grupp âLevel-up Beweegungs-Challenge 2026â erop. Soubal s du deng Klass dofir ugemellt huet, kriss du AccĂšs op dĂ«sen Team.
Umelle fir déi éischt vun drÀi Challengë kanns du deng Klass ënnert dësem Link.
Déi zweet Challenge kriss du mëttwochs, de 7.Januar 2026 an déi drëtt a lescht geet mëttwochs, de 25. Februar 2026 online.
Um Enn vun all Challenge luets du e kuerze Video ( deen s du mam Handy maache kanns, net beaarbechte muss a wou all dâKanner sollen drop sinn, dĂ©i un der Challenge deelhuelen) vu maximal 1 Minutt a 5 Fotoen op Teams, an de Grupp âLevel-up Beweegungs-Challenge 2025â erop. No all Challenge kriss du ee kuerze Feedback vun eis.
Wann s du an deng Klass et no deenen 3 ChallengĂ« bis an dâFinall gepackt hues, stellt dir iech zesumme mat anere Klassen nach enger leschter, decisiver Challenge. Hei huet deng Schoulklass dâChance, Ă«m den Titel vun der âbeweeglechster Klass 2026â ze kĂ€mpfen, sech feieren ze loossen a flott PrĂ€isser ze gewannen. Hei dâGewĂ«nner vun 2025. Weider Detailer gĂ«ss zu engem spĂ©ideren ZĂ€itpunkt gewuer.
Aart vum Concours
6 Wochen Challenge
Challenge #1: ab mëttwochs, den 12.November 2025, Deadline: 17.Dezember 2025
Challenge #2: ab mëttwochs, den 7.Januar 2026, Deadline: 11.Februar 2026
Challenge #3: ab mëttwochs, de 25. Februar 2026, Deadline: 25.MÀerz 2026