Dash Live Challenge
Zeréck goen
Kuerz Beschreiwung
Dir schafft am Cycle 3 an hutt Loscht, mat Äre Kanner den DASH Roboter ze entdecken a flott Missiounen zesummen ze kodéieren? Da sidd Dir hei genee richteg, a keng Angscht, Dir braucht och keng Erfarung am Kodéieren ze hunn. Dofir gëtt Iech am Ufank vum Schouljoer eng Formation continue ugebueden.
Hautdesdaags ass et essentiel, datt all Schüler d’Méiglechkeet kritt, d’Basiskonzepter vun der Informatik ze verstoen a se ze benotzen, fir Problemer ze léisen. Eng Robotik-Aktivitéit entwéckelt Fäegkeeten am logeschen Denken, Problemléisen, Teamwork a am Beräich vun der Kreativitéit. Et sinn dës interdisziplinär Fäegkeeten, déi och zentral an de Beräicher Mathematik, Naturwëssenschaften, Sproochen, asw. sinn.
Wärend der Challenge entdecken d‘Kanner den DASH Roboter, seng villfälteg Funktiounen, maachen éischt Schrëtt an der block-baséierter Kodéiersprooch a léisen am Team erausfuerderend Challengen op eng kreativ Aart a Weis.
Mat e bësse Geschéck qualifizéiert Är Klass sech fir déi grouss Finall, wou Är Kanner d’Méiglechkeet gebuede kréien, hire Roboter an hir Kodéier-Fäegkeeten engem breede Public virzestellen.
Concours 2025 - 2026
FOCO Dash Live Challenge (Walfer) 09.10. 2025
Aschreiwung bis den 27.10.2025
Start vun der Dash Live Challenge 27.10.2025
Enn vun der Dash Live Challenge an der Klass 18.03.2026
Annonce vun de Finalisten 25.03.2026
Finall op der YEP Schopulfoire 19.04.2026
Du wëlls am Schouljoer 2025 - 2026 dobäi sinn?
Dann klick op de Knäppchen “Ech sinn interesséiert” hei drënner a verpass domat net déi final Aschreiwungen.