Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Iwwert de Projet

D’Netzwierk vun de bestoenden‹an zukĂŒnftege Schoulconcoursen

LevelUp ass den neie Projet vum SCRIPT an Zesummenaarbecht mat senge sĂ«llege Partner. Zil ass eng koordinĂ©iert FĂ«rderung vu pedagogesch sĂ«nnvolle Concoursen an der Welt vun der Educatioun. Domat kĂ«nne Concourse gemengt sinn, dĂ©i et scho ginn, oder neier, dĂ©i de Wee an d’Grondschoulen an/oder d’LycĂ©eĂ« solle fannen.

LevelUp soll en Iwwerbléck iwwert Concourse ginn, déi an der Schoulwelt schonn existéieren; dëst z.B. an de BerÀicher vun de Sciencen, der Liesfërderung, de Sproochen, der Mathematik, der Beweegung, dem Entrepreneursgeescht oder an nach aneren Theemefelder.

LevelUp soll awer och eng mĂ©iglech Äntwert op dĂ©i reegelmĂ©isseg nei edukativ SchwĂ©ierpunkte vun ‹der Bildungspolitik sinn. Rezent Beispiller sinn de Coding an duerno d’Computer Sciences oder och Nohaltegkeetsformatiounen, dĂ©i de Besoin vu Green Jobs an de Fokus setzen.

DĂ«s FĂ«rderung vu Concourse gĂ«tt op der enger SĂ€it an der Grondschoul villfĂ€lteg a spilleresch opgestallt, fir dĂ©i grouss Bandbreet un Theemen ze weisen; op dĂ€r anerer SĂ€it gi fir de LycĂ©e scho mĂ©i geziilt Concoursen ugebueden, dĂ©i Talenter stĂ€erken an ausbaue sollen. An den 3. Pilier vu LevelUp sinn d’Exzellenzinitiativen, dĂ©i eise beschte Jonken d’MĂ©iglechkeet ginn, sech an hirem BerĂ€ich mat Jonken am Ausland ze moossen.

Zil muss sinn, datt LevelUp an de Grondschoulen e BegrĂ«ff gĂ«tt an datt d’LycĂ©eĂ« Partner ginn, fir bei sech Talenter ze fĂ«rderen an den Zougang zu dĂ«sen Offerten ze vereinfachen.

Start vum Projet: September 2023