Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

KLASSEN-BATTLE

Zeréck goen

Kuerz Beschreiwung

Mir sichen déi beschte Klass aus Lëtzebuerg

Dir sidd der Meenung, datt är Klass iwwer alles Bescheed weess a matschwätze kann? Dir mengt, dir sidd mënschlech Spellchecker an Dictionnairen? Datt dir d’Weltkaart auswenneg kennt a wëssenschaftlech Experimenter verstitt? Kennt dir den Turnup Tun an de Mozart a wësst wéi d’Ägypter hir Pyramide gebaut hunn? Zudeem sidd dir och nach sportlech a kënnt logesch iwwerleeën? An doriwwer eraus schafft dir gutt als Klass zesummen, ënnerstëtzt iech géigesäiteg a sidd e perfekt agespillten Team?

Da sidd dir egalwéi schonn eng mega Klass an hei genau richteg! Mir sichen nämlech op der Schoulfoire 2025 “Déi beschte Klass aus Lëtzebuerg” a mir invitéieren iech un eisem KLASSEN-BATTLE deelzehuelen.

Den 22. Abrëll 2026 wäert op der 5. Editioun vun der nationaler Schoulfoire an der LuxExpo um Kierchbierg den éischte KLASSEN-BATTLE stattfannen. A véier Ausscheedungsronne trieden deen Dag jeeweils 2 Klassen aus dem Cycle 4 géinteneen un a moossen sech a verschiddene Beräicher. D’Klass kann an hirer Battle Punkte sammelen an esou géint déi géignereg Klass gewannen. Déi zwou Klasse mat der héchster Punktzuel triede mëttes an der grousser Finall géinteneen un a fannen eraus, wien “Déi beschte Klass aus Lëtzebuerg ass”.

 

Informatiounen zu der Klassen-Battle:

  • D’Kanner gi mat Froen an Aufgabe konfrontéiert, déi Wësse behandelen, dat d’Schülerinnen a Schüler aus der Schoul kennen.
  • Et wäerte verschidde Spillronne sinn, déi ronderëm d’Theeme Sproochen, Sciencen, Rechnen, Musek a Beweegung dréinen. Et kann ee sech deemno op d’Battle virbereeden.
  • D’Battle wäert esou opgebaut sinn, datt d’ganz Klass muss Aufgaben erfëllen. Als Virbereedung wäerte mir iech nach Informatioune zoukomme loossen, an et ass dem Klassentitulaire iwwerlooss, wéi d’Kanner opgedeelt ginn. Jiddefalls wäert Teamwork eng ganz wichteg Roll spillen
  • Mir wäerten d’Aufgaben esou opbauen, datt et duerno keen Ënnerscheed mécht op d’Klass z.B. zu 12 oder 19 sinn. Eng fair Punktevergab wäert méiglech sinn.

 

Konditioune fir matzemaachen:

  • Dir sidd eng Klass aus dem Cycle 4
  • Schreift iech op levelup.lu fir de Klassen-Battle an
  • Luet bis Méindeg, den 02. Mäerz 2026 e Film erop, wou dir eis weisst, firwat grad är Klass, déi beschten am Land ass. Stellt eis är Klass vir. Sidd kreativ, witzeg an ausgefalen a weist eis, wéi gutt d’Klass harmonéiert.
    • Maximallängt vum Video: 1min op niddereger Qualitéit. Opnam mat Smartphone oder Tablet geet méi wéi duer.
    • Sot eis am Video vu wou dir sidd a wéivill Schülerinnen a Schüler an der Klass sinn
    • Denkt iech e coole Battle-Numm fir d’Klass aus an deelt eis dee mat. Fir den 09. Mäerz 2026 kréien déi 8 Klassen, déi zréckbehale goufen, Bescheed gesot. Do kréie si och schonn de genauen Zäitplang, wéini hir Battle de 22. Abrëll wäert sinn.
  • Dës Informatioun ass wichteg fir d’Umelldung fir d’Schoulfoire. All Klass muss sech am Februar iwwer den Umelldungsformulaire op schoulfoire.lu umellen.
  • All Klass, déi matmécht, muss de 22. Abrëll vun 08h45 bis 14h45 kënnen an der LuxExpo bleiwen. Nieft der Battle an der Ausscheedungsronn huet all Klass och eng Plaz an der grousser Finall (ob als Zuschauer oder op der Bühn) um 13h15 an all Klass ass duerno Deel vun der Präisiwwereechung.
  • Mir bieden d’Klasse fir sech am Cycle ofzeschwätzen. D’Schoulfoire ass e flotten Event, dee ganz vill ze bidden huet. Wann déi aner Klassen aus dem Cycle matkommen deen Dag, dann organiséiere mir, datt si d’Battle vun der Partner-Klass kucke kënnen. Selwer gebastelt Schëlder fir d’Ufeiere wären natierlech schéin a géifen zu enger gudder Stëmmung bäidroen.