Youth Start Challenge fir eenzel Schüler
Zeréck goen
Kuerz Beschreiwung
Du bass Schüler am Secondaire an wëlls selwer Initiativ huelen an un engem Projet schaffen? Du wëlls dain Entrepreneursgeescht stäerken? Dir sinn Themen wéi Nohaltegkeet wichteg, an du wëlls Kompetenzen am Beraich Kommunikatioun, Kreativitéit a kritescht Denken weiderentwecklen?. Dann entdeck d’You(th) Start Challengen aleng oder zesummen mat engem Matschüler.
Oflaf:
De SCRIPT lued all 6 Wochen (no der Schoulvakanz mëttwochs) eng nei You(th)Start Challenge op levelup.lu erop.
Umelle fir déi éischt vun dräi Challengë kanns du dech bis den 25. Oktober 2023.
Déi éischt Challenge gëtt Mëttwochs den 8. November 2023 lancéiert an adresséiert sech u SchülerInnen vu 5e-3e. An dëser Challenge geet et drëm mat Empathie an Kreativitéit konkret Léisungen ze erschaffen.
Déi zweet Challenge gëtt Mëttwochs den 10. Januar 2024 lancéiert an adresséiert sech un Schülerinnen vun 7e-5e . An dëser Challenge geet et drëm dat eegent d’Konsumverhalen ze iwwerdenken an aus Offall Wäert ze schafen.
Déi drëtt Challenge gëtt Mëttwochs, den 21. Februar 2024 lancéiert an adresséiert sech u Schülerinnen vun 3e-1ère. An dëser Challenge geet et em den eegene Rôle an der Gesellschaft an d’Verantwortung déi ee kann iwerhuelen.
Wéi e Material s du fir déi jeeweileg Challenge brauchs a weider Informatiounen iwwert den Oflaf kriss du mat Zäiten per Mail matgedeelt.
Um Enn vun der Challenge lueds du d’Material erop. Esou gesi mir, ween uerchtert d’Land matgemaach huet an sech fir d’Finall op der Schoulfoire qualifizéiert huet.
Wann s et bis an d’Finall gepackt hues, stells du dech op der YEP-Schoulfoire (22.04 – 24.04.2024) mat anere Schüler enger leschter Challenge.
Et gi flott Präisser ze gewannen.
Wanns du méi wëlls iwwert dës oder aner Challenge gewuer ginn, da kontaktéier eis a schreif eis deng Froen op entrepreneurship@script.lu.
Aart vum Concours
6 Wochen Challenge
08/11/23, 10/01/24 an 21/02/24