Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Spontan

Zeréck goen

Kuerz Beschreiwung

Loscht fir Theater mat denger Klass ze spillen? Du sichs mol rëm eppes Neies? An dat ouni groussen Opwand! Du hues keng oder awer vläicht vill Erfarung am Theater spille mat denger Klass. Du sichs Übungen, déi Kreativitéit, Spontanitéit, verbal a non-verbal Kommunikatioun, sou wéi Equipegeescht an aktiivt Nolauschtere fërderen? Da schreif dech fir eisen ImproTheaterchallenge an! Dëst Offer adresséiert sech u Schülerinnen a Schüler aus de Cyclen 3 a 4. Wéi leeft dat Ganzt elo of?

Vun November bis Abrëll kriss du no all Vakanz ee Package mat Theaterübunge fir deng Klass. Du kanns dann autonom üben, esou wéi et an däin Horaire passt. Wann deng Kanner dës Übunge gutt hikréien, film dës Übungen a luet se op eis Plattform erop.

No der Ouschtervakanz gëtt déi beschte Klass gewielt. Dës Klass gëtt tëschent dem 04.05 an dem 30.06 vum Gregory Melmer gecoacht fir een Optrëtt virzebereeden. (2-4 Coachinge)

Aart vum Concours

Fir dëse Concours bei Iech an der Schoul respektiv mat Äre Schüler:innen ze organiséiere muss dir Iech aschreiwen a gitt vun engem Responsabele mat méi Détailler kontaktéiert.