Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

LevelUp Robotikwoch

Zeréck goen 

Kuerz Beschreiwung

D’Robotikwoch ass eng Initiativ vum SCRIPT, an Zesummenaarbecht mat WorldSkills Luxembourg, fir Robotik-Concoursen fir all Alter an all Niveau unzebidden; vun den éischte Versich fir déi ganz Jonk, bis hin zu de Professionellen, deenen hir berufflech Zukunft an der Roboterprogrammatioun wäert leien. Momentan besteet dës Robotik-Initiativ aus véier verschiddene Kompetitiounen:

  • Der Junior Robot Challenge (Alter: 6 bis 8) –> méi Infoen
  • Der First Lego League Challenge (Alter: 9 bis 16) –> méi Infoen
  • Der Robot Systems Integration Competition (Alter: ab 16) –> méi Infoen
  • Der Mobile Robotics Competition (Alter: ab 16) –> méi Infoen

Weider Challengë wäerten an den nächste Joren dobäi kommen.