Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

LevelUp ass online

LevelUp ass online; op dësem Site fannt Dir e ganze Koup Schoulconcoursen, op enger Plaz gesammelt. Sicht Iech Äre Concours eraus a gitt op de Site vum Organisateur, fir méi Inforomatiounen oder fir Iech unzemellen.

LevelUp bitt awer net nëmmen eng Iwwersiicht vu scho bestoende Concoursen, mee presentéiert och ganz neier. Hei fannt Dir souwuel als Enseignant déi eng oder aner Erausfuerderung fir Är Klass, wéi och als eenzele Schüler Concoursen, fir déi Dir Iech individuell umelle kënnt.

Vill Spaass beim Entdecke vu LevelUp.