Virliesconcours
Zeréck goen
Kuerz Beschreiwung
De Virliesconcours ass e Concours dee vum SCRIPT organiséiert gëtt an Zesummenaarbecht mat de Regionaldirektioune fir d‘Schüler aus dem Cycle 4. D’Schüler presentéieren en Extrait aus engem Kannerbuch op Däitsch, Lëtzebuergesch oder Franséisch. De Virliesconcours gouf 2006 lancéiert a gëtt zënter 2013 ënner ee spezifescht Thema gesat. Dëse Concours leeft op verschiddene Niveauen of. Et gëtt ee Gewënner pro Klass deen sech moosst mat anere Klassegewënner aus der Schoul. Um Niveau vun all Regionaldirektioun gëtt eng Hallef-Finall organiséiert. Eng national Finall designéiert de nationale Gewënner vum Virliesconcours.