Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

LuxSkills – Soins esthétiques

Zeréck goen 

Kuerz Beschreiwung

De Beruff vum Schéinheetstechniker besteet, duerch d’Benotzung vun ästheteschen Techniken souwéi kosmetesche Produkter, an der Erhalung an der Verschéinerung vun der Haut (ästhetesch Behandlung vum Gesiicht, Kierper, Manikür, Make-up, asw.). E soll och dem Client souwuel kierperlech wéi psychologesch Wuelbefannen a Komfort bréngen, a muss fäeg sinn de Client ze beroden an him déi passend Schéinheetsproduite ze verkafen. Dës Aarbecht erfuerdert zolidd Kenntnisser a verschiddene Beräicher: Hygiène, Anatomie, Zell- an Hautbiologie, Kosmetologie … awer och a punkto Technologie an ästheteschen Techniken (am Respekt vun der Sécherheet vum Client).

Nieft der Léift vu sengem Beruff muss de Schéinheetstechniker de Goût fir de mënschleche Kontakt hunn an oppe fir anerer sinn.

Méi Infoen