Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

 Lëtzebuerger Physikolympiade

Zeréck goen 

Kuerz Beschreiwung

 Lëtzebuerger Physikolympiade ass e wëssenschaftleche Wettbewerb mat theoreteschen a praktesche Aspekter, deen sech virun allem un d’Schüler vun de 1eB/C, 2eB/C, 1eGGE an 2eGGE richt. D’ Zil vum Wettbewerb ass zum engen, déi fënnef bescht Schüler am Beräich Physik ze selektionéieren, déi Lëtzebuerg bei der internationale Physikolympiade “International Physics Olympiad” (IPhO) vertrieden. Op der anerer Säit huet de Wettbewerb de Ziel, d’Interessi vun de Schüler un der Physik ze fuerderen an hinnen ze motivéieren, sech méi an dësem Beräich ze engagéieren.

D’Kompetitioun zielt op d’Testen vun de Schüler hir Fäegkeeten fir physikalesche Problemer ze léisen an op d’ Duerchféierung an Analyse vu praktesche Versich. Dofir sinn iwwert d’Spezialinteressi fir d’Physik eraus och Denk- an Kreativitéitsfäegkeeten an Ausdauer néideg fir Erfolleg ze hunn.