Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Olympiade de mathématiques

Zeréck goen 

Kuerz Beschreiwung

D’Mathesolympiad zielt drop d’Interessi fir Mathematik um Niveau vun de Secondairesschüler ze fërderen. Se gëtt all Joers vun der Association des Mathématiciens Luxembourgeois (AML) organiséiert. Dës Olympiad, un där Schüler aus all Lycée deel huele kënnen, erlaabt hinnen hir Mathekompetenzen op d’Prouf ze stellen. Trainingsseance gin am Virfeld vun der Olympiad organiséiert. D’Schüler qualifizéiere sech fir eng Halleffinall an eng national Finale. Si hunn d’Méiglechkeet un der belscher Mathesolympiad, der European Girls’ Mathematical Olympiad (EGMO), der Benelux Mathematical Olympiad (BxMO) an der prestigiéiser International Mathematical Olympiad (IMO) deelzehuelen.