Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

LuxSkills – Mécanique industrielle et de maintenance

Zeréck goen 

Kuerz Beschreiwung

Techniker an der Mechatronik designen industriell Systemer fir d’automatiséiert Industrie. Mechatronik besteet aus verschiddenen Technologien: Mechanik, Elektrotechnik, Elektronik, Pneumatik an IT. D’Aarbecht vum Techniker an der Mechatronik besteet aus Designen, Montage, Installatioun, Upassung, Start, Ënnerhalt a Reparatur vu Maschinnen an automatiséierten Steierungssystemer, inklusiv Programméierung.All Dag fënnt d’Mekatronik seng Uwendung, zum Beispill an de Geschäfter (Design vu Keesseberäicher), an de Gedrénksautomaten, oder souguer an Automaten (Ticketen, Gedrénks, Iessen), Multi-Verpackungslinnen, Etikettéiermaschinne fir Konserven, Liften, Transportmaschinnen (Automatesch Camionen, Kranen, Luedemaschinnen) oder souguer automatesch Montage- a Miessausrüstung an der Elektronikindustrie.

Méi Infoen