MathleTIC Kapprechnen-Challenge 2023
Zeréck goen
Kuerz Beschreiwung
Zanter 2015 ass d’Léierplattform MathemaTIC.lu fir all Schüler an Enseignanten zu Lëtzebuerg déi IAM Zougang hunn gratis verfügbar. D’Plattform riicht sech u Schüler aus de Cyclen 3 a 4 vun der Grondschoul, de Klasse vun der Voie de Preparatoire an de Klasse vum Cycle Inférieur am Lycéeë.
MathemaTIC ass en interaktiven, digitalen a méisproochege Léierprogramm, deen op d’Bedierfnesser vun de Schüler ugepasst ass. Den Inhalt entsprécht de Kompetenzen vun de Léierpläng vun der Grondschoul a vun de Lycéen zu Lëtzebuerg. Déi verschidde Funktiounen op MathemaTIC.lu erméiglechen den Enseignanten hire Mathésunterrecht ze differenzéieren, spezifesch op d’Bedierfnesser vun de Schüler ze reagéieren an domat hir Motivatioun ze steigeren.
Ugespéngelt ass de Flyer an de Poster mat de Formatiounen an Eventer fir d’Schouljoer 2023/2024 fir d’Grondschoulen, Lycéeën a Maison Relaisen:
- De MahleTIC Kapprechnen-Challenge vum 11. bis de 13. Oktober 2023 mat flotte Präisser fir d’Klassen;
- E-Formatioune an Zesummenaarbecht mam IFEN op Moodle:
- Starter (http://www.edulink.lu/g179)
- Cycle 3 (http://www.edulink.lu/srsz)
- Cycle 4 (http://www.edulink.lu/fbyz)
- Voie de Prépartation (http://www.edulink.lu/hv6i)
- ESG / ESC (http://www.edulink.lu/vnih)
- PLC fir Mathematik (http://www.edulink.lu/i5u0)
Méi Infoen
Fir weider Informatioune mellt Iech w.e.g. beim Team MathemaTIC um 247-75249 oder per E-Mail mathematic@script.lu.
MatemaTIC Poster
DownloadMathemaTIC Flyer
Download