Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Maach Math

Zeréck goen

Kuerz Beschreiwung

Inter-Klass Concours fir Schüler aus dem Fondamental an dem Secondaire.

Maach Mat(h) encouragéiert d’Schüler a Gruppen ze schaffen. Am Géigesaz zu traditionellen Tester a Concoursen déi sech op individuell Leeschtung konzentréieren, mussen d’Schüler eng eenzeg Léisung fir e Problem als Grupp ausschaffen.

D’Problemer ginn, an Zuel a Schwieregkeetsgrad, esou gewielt, datt all Schüler, onofhängeg vu sengem Niveau, matmaachen kann. Et ass net nëmmen déi richteg Äntwert déi zielt, d’Léisunge ginn och no dem Wee an der Kloerheet vun den Erklärungen beurteelt.

De Concours besteet aus enger fakultativer Proufronn, enger éischter Ronn am Februar-Mäerz, engem zweeten Tour am Mee an enger Finale Enn Juni un där déi dräi Klassen déi déi bescht Resultater an hirer Kategorie hunn deelhuelen.