Luxembourg Philosophy Olympiad
Zeréck goen
Kuerz Beschreiwung
D‘Luxembourg Philosophy Olympiad gëtt all Joer vum Cercle de Philosophie a.s.b.l., der Nationalkommissioun fir de Secondaire an der Philosophie an dem SCRIPT organiséiert. All Lycée kann un dësem Concours deelhuele mat engem oder zwee Schüler déi tëschent 17 an 20 Joer al sinn. De Concours besteet draus e philosopheschen Essay ze schreiwen. Essays ginn no gemeinsame Critèrë wéi Originalitéit, Struktur a philosophescht Wësse bewäert. An all Lycée, dee wëll matmaachen, ginn am Virfeld Tester organiséiert an de Concours fënnt no de Methoden statt, déi vun der ASBL festgeluecht sinn. D’Texter baséieren um offizielle Philosophieprogramm vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend (MENJE).