Generation €uro Students’ Award
Zeréck goen
Kuerz Beschreiwung
De Concours “Generation €uro Students’ Award” riicht sech un d’Schüler vun de Lycéeën, déi tëscht 16 an 19 Joer al sinn, sech fir Ekonomie an d’Roll vun den Zentralbanken interesséieren.
De Concours gëtt an Teame vun dräi bis fënnef Schüler gespillt, déi vun engem “Coach” Enseignant encadréiert ginn. D’Participatioun ass méiglech op Franséisch oder Englesch. Eemol ugemellt, kënnen d’Equipe un der éischter Ronn deelhuelen, en Online-Quiz vun 30 Froen, an dëst bis den 17. November 2024.
Déi bescht Équipë um Enn vun dësem Test qualifizéieren sech fir den zweeten Test. Bis Enn Januar 2025, gi se schrëftlech eng wärungspolitesch Decisioun eran, déi op enger Analyse vun der wirtschaftlecher Situatioun an der Eurozon baséiert. Déi dräi bescht Equippen um Enn vun dësem zweeten Test huelen un der Finale deel, déi am Mäerz 2025 stattfënnt. An dëser, mussen si virun enger Jury vun BCL Experten d’Grënn erklären, déi hir wärungspolitesch Entscheedunge motivéiert hunn.
All Studenten, déi un der Finale vum Concours deelhuelen, gi mat Präisser belount, dorënner Cashpräisser an numismatesche Kaddoen. Si kréien e Certificat an och d’Méiglechkeet e Summerstage an der BCL ze maachen. D’Gewënner-Equipe gëtt op eng Rees op Frankfurt invitéiert, wou si ënner anerem d’Europäesch Zentralbank besiche kënnen.
Eng Informatiounsversammlung vum Concours “Generation €uro” gëtt organiséiert an der BCL op 2 boulevard Royal:
- Dënschden de 15. Oktober vu 14:30 bis 16:00 Auer, op Franséisch;
- Freiden de 18. Oktober vun 14:30 bis 16:00 Auer, op Englesch.
D’Umeldung fir d‘Informatiounsversammlung erfollegt iwwer de folgende Lien: