Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

LuxSkills – Fleuriste

Zeréck goen 

Kuerz Beschreiwung

De Fleuriste kreéiert a mécht Kompositioune mat Blummen, Blieder, Planzen an Accessoiren, a berécksiichtegt d’Reegele betreffend der Mëschung vu Planzen, Faarwen, Kreativitéit an Technik. Hien verkeeft Bouqueten a Kompositiounen op Basis vu geschniddene Blummen. Hie schafft mat Suergfalt an verschafft Schnëttblummen, Blieder, Planzen, Behälter, Dekoratiounsartikelen a Verpackungen.

De Concours : D’Kandidate mussen Blummenarrangementer kreéieren. Si mussen d’Planzen, d’Behälter, d’Dekoratiounsartikelen, d’Verpackungsmaterial wielen fir hir Aarbecht auszeféieren an ze finaliséieren. D’Aarbechten, déi gemaach musse ginn, sinn “handgemaache Bouqueten”, Kränz, e Muster fir eng Hochzäit, en Arrangement vu geschniddene Blummen, eng Iwwerraschungskëscht awer och déi richteg Planzefleeg (Konditioun, Gréisst, Wiel vun der richteger Temperatur,…).

Méi Infoen