European Statistics Competition
Zeréck goen
Kuerz Beschreiwung
Du hues tëschend 14 an 18 Joer a kanns gudd mat Zuelen emgoen? Da maach mat bei der European Statistics Competition!
Dëse Concours, deen eng Eurostat Initiativ ass, soll de Studenten hir Virwëtzegkeet an hiren Interesse fir Statistike fërderen. All d‘Schüler vu 4e bis 1re kënne matmaachen. De Concours besteet aus enger nationaler Phase an enger europäescher Phase. Déi national Phas vum Concours, besteet aus zwee Deeler : e Multiple-Choice Web Questionnaire iwwer Statistike souwéi e Fotosconcours deen an Zesummenaarbecht mat SCRIPT a mat der Société Luxembourgeoise de Statistique organiséiert gëtt. D’Gewënner vun der nationaler Phas (maximal 4 Ekippen – 2 pro Alterskategorie) kënnen dono an der europäescher Phas matmaachen.
Bei weidere Froe kënnen d’Enseignanten sech bei eis per mail (esc@statec.etat.lu) mellen.