Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

D’Lëtzebuerger Naturwëssenschafts – olympiad

Zeréck goen 

Kuerz Beschreiwung

D’Lëtzebuerger Naturwëssenschaftsolympiad ass eng wëssenschaftlech Competitioun fir Schülerinnen a Schüler, déi säit 2008 duerchgefouert gëtt. Zanterhier hunn iwwert 25.000 Schülerinnen a Schüler deel geholl. D’Lëtzebuerger Naturwëssenschaftsolympiad gëtt an 3 Ronnen ausgedroen. An der Qualifikatioun gi Froen zur Biologie, der Chimie an der Physik mat verschiddenen Äntwertméiglechkeete gestallt. An der Halleffinall ginn theoretesch Froen zu wëssenschaftleche Versich gestallt. An der Finall geet et drëm, an Equipe vun dräi Schüler naturwëssenschaftlech Versich duerchzeféieren. Déi sechs beschte Schüler qualifizéieren sech fir déi europäesch Naturwëssenschaftsolympiad (European Olympiad of Experimental Science – EOES). Aktuell Informatiounen zur Naturwëssenschaftsolympiad sinn an eisem Blog (« Neiegkeeten ») an op eiser Facebooksäit ze fannen: https://www.facebook.com/olympiad.lu. Organiséiert gëtt d’Olympiad vun der a.s.b.l. Olympiades Luxembourgeoises des Sciences Naturelles (OLSN)