« Deng Zukunft. Deng Stëmm. » 2023/2024
Zeréck goen
Kuerz Beschreiwung
De Service fir d’Rechter vum Kand vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, an d’UNICEF invitéieren op de Concours “Deng Zukunft. Deng Stëmm.” iwwer d’Thema: De Klimawandel an d’Zukunft vun eisem Planéit.
Dëst Evenement riicht sech u Schüler aus de Cyclen 3 a 4 an un déi equivalent Klassen aus de Kompetenzzentren, den nationalen an internationalen ëffentlechen a private Schoulen an den europäesche Schoulen zu Lëtzebuerg. D’Méiglechkeet, deelzehuelen, besteet och fir d’Kanner aus de Cyclen 3 a 4 aus de Maisons Relais an déi, déi bei Dageseltere sinn.
Deelhuele kënne ganz Klassen, Gruppe vun 2 bis 5 Kanner oder och eenzel Kanner. De Concours geet den 20. November 2023 um Weltkannerdag lass. D’Participanten hunn Zäit bis den 20. Mäerz 2024, fir hir Bäiträg ofzeginn.
Kreativconcours
Download