Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Concours jeune journaliste

Zeréck goen

Kuerz Beschreiwung

Dëse Concours ass fir Schüler aus der Grondschoul, dem Secondaire a de Kompetenzen Zentren. Am Kader vun dësem Concours, organiséiert vum SCRIPT vum ministère de l’Education nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse, dem Presserot an dem „Zentrum fir politesch Bildung (ZpB)“ sinn d’Schüler invitéiert eng journalistesch Produktioun wéi zbsp e Presseartikel, e Video, en Audioreportage oder och eng Websäit zu engem spezifeschen Thema ze realiséieren. D’Zil ass et, d’Aarbecht vun engem richtege Journalist sou no wéi méiglech z‘imitéieren, d’Thema am Detail z’ënnersichen, d’Recherche duerchzeféieren, d‘Aarbecht ze dokumentéieren an eng journalistesch Produktioun ofzeginn. Souwuel Klassen- ewéi och Eenzelcontributiounen ginn acceptéiert. E Journalist gëtt op Nofro enger Klass zougewise fir de Projet ze begleeden a seng Aarbecht z’erklären. D’Jury besteet aus Vertrieder vum: Presserot, Zentrum fir politesch Bildung an dem SCRIPT. D’Jury verdeelt Präisser fir déi bescht Produktiounen an all Kategorie an e Juryspräis fir déi beschten Eenzelcontributioun.

Thema 2025/2026

Download