Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Certamen Ciceronianum Arpinas: fir Schüler vun 2ième

Zeréck goen 

Kuerz Beschreiwung

De Certamen Ciceronianum Arpinas, organiséiert vum Centre d’Études “Marcus Tullius Cicero” an Zesummenaarbecht mat der Stad Arpino, besteet aus enger Iwwersetzung a engem Kommentar vun engem Extrait aus engem Wierk vum Marcus Tullius Cicero. De Certamen Ciceronianum Arpinas fënnt all Joer am Mee an Italien statt, zu Arpino (an der Provënz Frosinone). De Concours gouf 1980 vum Direkter vum Lycée Tulliano, Professer Ugo Quadrini gegrënnt, deen an e puer Joer dësem laténgesche Versiounskonkurrenz eng international Dimensioun konnt ginn. All Joer huelen déi dräi Gewënner aus der nationaler Preselektioun – Schüler aus de Lëtzebuerger Lycéeën – deel un dësem groussen Concours, deen de Spriecher, Politiker, Schrëftsteller a Philosoph Cicero an de Virdergrond stellt.