Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Astro Pi – Mission Space Lab (14–19 Joer)

Zeréck goen 

Kuerz Beschreiwung

Mission Space Lab bitt jonken Teamen d’Chance, wëssenschaftlech Experimenter um Bord vun der Internationaler Raumstatioun ze maachen. Am Kader vun der dësjäreger Mission Space Lab invitéieren d’Astronaute vun der ESA jonk Teame, eng wëssenschaftlech Aufgab mat Hëllef vun engem Python Programm ze léisen. D’Aufgab besteet doranner, Datë mat de Computeren Astro Pi ze sammelen, fir d’Geschwindegkeet vun der ISS ze berechnen. Dëst neit Format vun der Missioun erlaabt et enger méi grousser Zuel vu jonke Leit hir Programmer am All ze exekutéieren an se mat der Welträumwëssenschaft vertraut ze maachen.