Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

D’Netzwierk vun de bestoenden
 an zukünftege Schoulconcoursen

LevelUp ass den neie Projet vum SCRIPT an Zesummenaarbecht mat senge sëllege Partner. Zil ass eng koordinéiert Fërderung vu pedagogesch sënnvolle Concoursen an der Welt vun der Educatioun. Domat kënne Concourse gemengt sinn, déi et scho ginn, oder neier, déi de Wee an d’Grondschoulen an/oder d’Lycéeë solle fannen.

LevelUp soll en Iwwerbléck iwwert Concourse ginn, déi an der Schoulwelt schonn existéieren; dëst z.B. an de Beräicher vun de Sciencen, der Liesfërderung, de Sproochen, der Mathematik, der Beweegung, dem Entrepreneursgeescht oder an nach aneren Theemefelder.

LevelUp soll awer och eng méiglech Äntwert op déi reegelméisseg nei edukativ Schwéierpunkte vun 
der Bildungspolitik sinn. Rezent Beispiller sinn de Coding an duerno d’Computer Sciences oder och Nohaltegkeetsformatiounen, déi de Besoin vu Green Jobs an de Fokus setzen.

Dës Fërderung vu Concourse gëtt op der enger Säit an der Grondschoul villfälteg a spilleresch opgestallt, fir déi grouss Bandbreet un Theemen ze weisen; op där anerer Säit gi fir de Lycée scho méi geziilt Concoursen ugebueden, déi Talenter stäerken an ausbaue sollen. An den 3. Pilier vu LevelUp sinn d’Exzellenzinitiativen, déi eise beschte Jonken d’Méiglechkeet ginn, sech an hirem Beräich mat Jonken am Ausland ze moossen.

Zil muss sinn, datt LevelUp an de Grondschoulen e Begrëff gëtt an datt d’Lycéeë Partner ginn, fir bei sech Talenter ze fërderen an den Zougang zu dësen Offerten ze vereinfachen.

Start vum Projet: September 2023