Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Post 1

Kleng Robotertalentër ganz grouss! – Junior Robot Challenge 2025

Schoul Bettenduerf gewënnt déi zweet Editioun vun der Junior Robot Challenge 2024/25

D’Robotik huet och bei de Jéngsten en héije Stellenwert: Bei der Junior Robot Challenge, enger innovativer Kompetitioun fir Kanner aus dem Cycle 2, stoung dëst Joer erëm Teamwork a Kreativitéit am Mëttelpunkt. Nom intensiven Training an de Schoulen konnten véier motivéiert Ekippen sech fir déi grouss Finall op der YEP! Schoulfoire qualifizéieren:

  • Spongebob – EF Bettenduerf
  • Jonas – EF Bettenduerf
  • Superroboter – EF Mersch
  • Roboterteam – EF Mersch

An enger knapper an emotionaler Kompetitioun hunn d’Kanner mat hirer Begeeschterung an hire Programmer iwwerzeegt. Um Enn war et d’Ekipp Jonas vun der Schoul Bettenduerf, déi sech duerchgesat huet a sech domat de Championstitel vun der Junior Robot Challenge 2024/25 séchere konnt.

D’Organisateuren weisen sech begeeschtert: „D’Kanner hu gewisen, dass d’Faszinatioun fir Robotik scho ganz fréi ugeet. Et war immens flott ze gesinn, wéi vill Energie an Innovatioun an dëse jonke Käpp stécht.“

Dir wëllt d’nächst Schouljoer och mat derbäi sinn?
D’Aschreiwung fir déi nächst Editioun leeft schonn un. Informatiounen a Registréierung fannt dir hei: https://levelup.lu/contests/rob-intro/