MathemaTIC.lu – MathleTIC Challenge 2024 Gewënner
Déi 10. Oplag vum ‘MathleTIC Kapprechnen-Challenge’ gouf vum 16. Oktober um 8:00 Auer bis den 18. Oktober 2023 um 16:00 Auer organiséiert.
Am Ganzen hunn 1 519 Schüler aus 242 Klasse matgemaach an insgesamt 2 290 Stonne Kapprechnunge geléist.
161 119 Stären a 107 412 Medaile goufen am Ganze gesammelt!
All Klass, déi matgemaach huet, kann hire Certificat fir d’Klass selwer eroflueden an d’Kapprechnen-Module bleiwen no dem Challenge fir all Schüler zougänglech. D’Gewënnerklasse kréien an den nächsten Deeg/ Wochen hir Cadeaue per Post.
Hei ee klengen Iwwerbléck vun de Performancen:
#1 Cycle 3: D’Klass Unicorners huet ee Score vu 14 953 Punkten erreecht.
#2 Cycle 3: D’Klass D’Rechemaschinnen huet ee Score vun 12 873 Punkten erreecht.
#3 Cycle 3: D’Klass Fläisseg Wichtelcher huet ee Score vun 12 063 Punkten erreecht.
#1 Cycle 4: D’Klass Sonnegewënner huet ee Score vu 35 395 Punkten erreecht.
#2 Cycle 4: D’Klass De flotte Steen huet ee Score vun 33 810 Punkten erreecht.
#3 Cycle 4: D’Klass gespaante Mierleefer huet ee Score vun 32 000 Punkten erreecht.
#1 Voie de préparation: D’Klass nodenklech Statsfra huet ee Score vun 3 575 Punkten erreecht.
#1 Cycle inférieur: D’Klass SLL Wolves aka Maschinnen huet ee Score vun 30 407 Punkten erreecht.
#2 Cycle inférieur: D’Klass akrobateschen Zockerbäcker 2 huet ee Score vu 17 425 Punkten erreecht.
#3 Cycle inférieur: D’Klass begeeschtert Zwillingsschwëster huet ee Score vu 15 647 Punkten erreecht.
D’Kaddoe fir d’Gewënner-Klasse sinn och verschéckt ginn a mir wënsche vill Spaass dermat.
Am ‘Kapprechnen-Challenge’ geet et dorëms, fir Kapprechnungen an de véier arithmeteschen Operatiounen ze léisen, an esou vill Stären a Medailen ze sammele wéi méiglech.
Dëse Challenge gouf iwwer www.mathematic.lu proposéiert a war zougänglech fir sämtlech Klasse vum Cycle 3, Cycle 4, vun der Voie de Préparation a fir d’classes inférieures vum Enseignement secondaire.