Junior Robot Challenge Finall 2026
D’Finall vun der 4. Editioun vun der Junior Robot Challenge huet den 18. Abrëll an der Luxexpo op der Schoulfoire stattfonnt.
Insgesamt hu véier Teams gewisen, wat si an de leschte Wochen a Méint an der Schoul geléiert an trainéiert hunn.
Bei dësem flotte Challenge ass et an der Finall drëms gaangen, mam Hëllef vun enger Codeiersprooch e „Roboter“ iwwer d’Spillfeld ze guidéieren, fir de Fändel ze fannen an en zeréck an d’Homezone ze bréngen.
D’Kanner hate vill Spaass a hunn d’Aufgab mat vill Begeeschterung a Geschéck super gemeeschtert!
Felicitatioun un:
Plaz 1: Wobikus – Wobrecken
Plaz 2: Draache vu Miersch – E.F. Miersch Nic Welter
Plaz 3: BEM Leideleng – EF Leudelange
Plaz 4: Veiner Kaweechelchen – Veiner Schull (Vianden)