Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

EuroSkills 2023

Dat gutt Resultat vu virun 2 Joer konnt nach eng Kéier iwwertraff ginn

Eng Woch voll mat neien Impressiounen an Erfarungen ass mat der spektakulärer Ofschlosszeremonie op en Enn gaangen.

Eng Woch voll mat neien Impressiounen an Erfarungen ass mat der spektakulärer Ofschlosszeremonie op en Enn gaangen. All d’Kandidaten, mee och d’Experten an all déi, déi matgehollef hunn, fir dëst Event ze stemmen, krute gratuléiert fir hir immens Leeschtung iwwert déi lescht Deeg, Wochen a Méint.

No enger Woch vollem Asaz an Top-Leeschtunge koumen d’Kandidaten an 2 Beruffer ganz no un d’Exzellenzmedail erun. Déi ganz Ekipp konnt sech an hire jeeweilege Beruffer gutt géint déi europäesch Konkurrenz behaapten. An der Moyenne konnt dat gutt Resultat vu virun 2 Joer zu Graz nach eemol iwwertraff ginn.

Unisono stëmmen d’Kandidaten zou, datt si an dësen 3 Deeg Concours immens vill geléiert hunn, an datt den Houfert, d’Land ze vertrieden, eng onvergiesslech Erfarung bleiwe wäert.

Mei Infoen enner:

www.worldskills.lu

https://www.facebook.com/WorldskillsLuxembourg