
Den éischten Take Off Klassenchallenge!
Den éischten Take Off Klassenchallenge war eng super Erfarung fir Enseignanten an hier Klassen !
D’Schüler hu sech der Erausfuerderung gestallt, de schnellste Mausfalenauto ze bauen, e Loftballon mat esou vill ewéi méiglech Picken opzespiissen an déi kreatiivsten a wëssenschaftlech am beschten erkläerte Science Show gefilmt! Dobäi hunn d’Schüler hier Kreativitéit, Teamgeescht a wëssenschaftleche Know-How misse benotze, fir kniffleg Problemer ze léisen ouni vill Uweisung vu baussen.
« Die Schüler mussten kreativ werden und haben viele Ideen gehabt, um die Challenge umzusetzen. Es war von großem Vorteil, dass uns die Materialien zur Verfügung gestellt wurden und man musste als Enseignant/e quasi nichts vorbereiten und die Schüler hatten sehr viel Spaß daran. » – esou eng Léierpersoun.
« Es war eine sehr interessante Erfahrung, die man so normalerweise nicht im schulischen Rahmen erfahren würde » sou de Feedback aus enger Klass.
Den Challenge war fir all Klasse vum ESG an ESC op. Déi dräi éischt Plaze konnte sech dunn follgend Klasse sécheren :
Déi drëtt Plaz kruten:
1C(L)C1 aus dem Lycée Nic Biever vun Diddeleng mam Här Pascal Petry
esou ewéi och
2BC1 aus dem Lycée Robert Schuman aus der Staat mat der Madamm Tessy Theis
Déi zweet Plaz huet sech geséchert :
3GPS1 aus dem Lycée Nic Biever vun Diddeleng mat der Madamm Franziska Gläser
A gewonnen hunn:
D’Schülerinnen an d’Schüler aus der Klass 3GSN aus dem Lycée Guillaume Kroll mat der Madamm Tania Thill
Du bass virwëlzeg? Hei gesäis du puer Videoen: