Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Post 1

Dash Live Challenge – Eng spannend Halleffinall & Finall op der YEP! Schoulfoire

DashHackers aus Schieren gewannen d’Dash Live Challenge 2024/25

D’Zukunft vun der Robotik huet op der YEP! Schoulfoire hir Spuren hannerlooss: Bei der Dash Live Challenge, enger dynamescher Kompetitioun am Beräich Robotik fir Kanner aus dem Cycle 3, konnten jonk Programméierer a Tüftler hir Fäegkeeten ënner Beweis stellen. Organiséiert gëtt de Challenge vum SCRIPT a steet ganz am Zeeche vum praktesche Léieren a Spass um Programméieren.

No enger intensiver Aarbecht an de Schoulen, wou d’Kanner sech mam Dash-Roboter a mat der Grondlag vun der Robotik vertraut gemaach hunn, konnten sechs motivéiert Ekippen sech fir déi grouss Finall qualifizéieren.

  • EF Billek – Dreiborn – Team Billek
  • EF Demy Schlechter Bonnevoie – Dash-Pirates
  • EF Steesel – Korallenretter
  • Schierener Schoul – DashHackers
  • Schoul An der Dällt – Team an der Dällt
  • Schoul Bettenduerf – DeepSeaDashers

An enger spannungsgeluedener Halleffinall, gefollegt vun enger spektakulärer Finall op der Schoulfoire, huet sech d’Ekipp DashHackers vun der Grondschoul Schieren duerchgesat.

Si sinn domat déi offiziell Gewënner vun der aller eischter Dash Live Challenge 2024/25.

D’Organisateuren soen all Participanten e grousse Merci: „D’Begeeschterung an d’Kreativitéit vun de Kanner hu gewisen, wat alles méiglech ass, wann Technik an Teamwork zesummespillen.“

Interessi un der nächster Editioun?
D’Aschreiwung fir d’Dash Live Challenge 2025/26 leeft demnächst un. Méi Informatioune fannt Dir hei https://levelup.lu/contests/dash-live-challenge/