Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Post 1

FIRST LEGO League – Unearthed 2025-2026 Qualifikatiounen

 Enn Februar 2026 waren d’FIRST LEGO League Challenge Qualifikatiounen am Forum Geesseknäppchen.

Wärend dräi Deeg hunn 90 Equippen am Alter vun 9 bis 16 Joer hiert Kënnen ënner Beweis gestallt. Et ass déi bis well gréisste Qualifikatiouns Ronn déi mir zu Lëtzebuerg haten.

 

De 19.04.2026 fënnt déi national FIRST LEGO League Challenge Finall an der Luxexpo op der Schoulfoire statt.

Déi 24 bescht Equippen hunn d’Méiglechkeet no zwee Méint weiderer intensiver Fuerschung a Entwécklung flott Präisser a Pokaler mat Heem ze huelen.