FIRST LEGO League Challenge – BeLux Championship zu Beringen
D’BeLux Championship vun der FIRST LEGO League Challenge huet dëst Joer an der BE-Mine zu Beringen stattfonnt – eng perfekt thematesch Location passend zum Thema „Unearthed“.
Fënnef Equippen aus Lëtzebuerg sinn ugetrueden an hu mat vill Engagement a Kreativitéit iwwerzeegt:
- ANDER FIELS (Fielser Schoul)
- Lalli-Saurier (Lallenger Schoul)
- LegoSekletts Gilsdref (Gilsdrefer Schoul)
- Undergrounds (Europaschoul 2)
- WOBOTS (Wobrécken Schoul)
Am Ganze waren 26 Equippen aus Lëtzebuerg an der Belsch dobäi. D’Evenement war e grousse Succès a geprägt vun enger flotter Atmosphär, Teamgeescht a vill Spaass.
🏆 Eis besonnesch Félicitatiounen un d’Präisträger:
- 🥇 Innovation Project Award: ANDER FIELS
- 🥇 Motivate Award: WOBOTS
📅 Nächste Rendez-vous: Sonndes, den 19. Abrëll 2026
📍 Plaz: Luxexpo – Schoulfoire
Mir freeën eis, vill vun Iech do erëmzegesinn! 🚀