
FIRST LEGO League – 24 Finalisten
Ufank Februar waren d’FIRST LEGO League Challenge Qualifikatiounen am Forum Geesseknäppchen.
Wärend dräi Deeg hu 66 Equippen am Alter vun 9 bis 16 Joer hiert Kënnen ënner Beweis gestallt.
De 27.04.2025 fënnt déi national FIRST LEGO League Challenge Finall an der Luxexpo op der YEP Schoulfoire statt.
Déi 24 bescht Equippen hunn do d’Méiglechkeet no zwee Méint weiderer intensiver Fuerschung a Entwécklung flott Präisser a Pokaler mat Heem zehuelen.