Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Post 1

Déi bescht Klass am Land – et ass entscheet! Klassenbattle 2025

Och dëst Joer gouf op der Schoulfoire erëm déi beschte Klass aus Lëtzebuerg gesicht.
No véier spannende Matcher tëschent Klasse vu Wooltz, Käerjeng, Stroossen, Klengbetten, Rëmerschen, Wäiswampech an Nidderaanwen ass et an déi grouss Finall gaangen.

Virun enger voll besater Arena stoungen d’Klasse vu Klengbetten a Rëmerschen sech géigeniwwer.

D’Kanner hu missen Froen beäntweren, Jenga an Véier-Gewënnt spillen an 20 Minutten um Vëlo pedalléieren.

Um Schluss hu sech d’Schülerinnen a Schüler vu Rëmerschen duerchgesat an sinn esou déi grouss Gewënner vun der Klassenbattle 2025 ginn.
Ee grousse Bravo un si – an awer och un all déi aner Kanner an Enseignanten, déi matgemaach hunn!

Mir freeën eis schonn op d’nächst Joer – verpasst d’Aschreiwung net!