Dash Live Challenge Finall 2026
D’Finall vun der zweeter Editioun vun der Dash Live Challenge war spannend bis zum Schluss. Déi 6 Finalisten hunn hiert Bescht ginn an ënner Zäitdrock virun engem grousse Publikum live Missioune programméiert.
Mat vill Talent, Kreativitéit an Teamgeescht hunn all Equippen déi verschidde Challengeë super gemeeschtert a fir eng flott Atmosphär gesuergt.
Felicitatioun un all d’Finaliste fir hir staark Leeschtung an hiren Asaz!
Plaz 1 : Bëschkoala’en – An der Dällt Schëtter
Plaz 2: Funky Donkeys – Ecole fondamentale Diekirch
Plaz 3: Team Billek – Ecole fondamentale Billek Dreiborn
Plaz 4: Dash Spezialisten Hiefenech – Grondschoul Hiefenech
Plaz 5: BEE Dash heroes – EF Pontpierre
Plaz 6: Running Robots – Ecole Reckange Mess