Trash Value Challenge – You(th) Start
Zeréck goen
Kuerz Beschreiwung
Wou kënnt all den Offall hir? Wat kann ee mat deene Saachen alles maachen? An wéi kreativ kënne mir ginn, wann et drëms geet, Offall an eppes Nëtzleches oder Schéines ze verwandelen? Looss denger Fantasie fräie Laf a kuck, wéi iwwerraschend Iddien entstinn! D’Schüler setzen sech kritesch mat Verpackungsmaterial auserneen a schafen aus anscheinend wäertlosem Offall Produiten, déi neie Wäert kréien.
Informatiounen zu der Idea-Challenge
- D’Challenge ass fir Schüler vun 7ème bis 5ème.
- Den Enseignant kann d’Challenge mat de Schüler an der Klass maachen.
- D’Schüler sollten eleng oder am Binôme dru Schaffen.
- D’Schüler brauchen ca. 9 Schoulstonnen fir d’Challenge.
- D’Challenge ass op Däitsch, Franséisch ODER Englesch.
- D’Challenge kann an all Fach gemaach ginn. Et geet em Kompetenzen wéi: Kreativitéit, ökologesch Sensibilitéit, Bewosstsinn fir limitéiert Ressourcen
- Umelle fir d’Challengë kanns du deng Klass d’ganz Joer iwwer. Sidd der ungemellt, kritt dir direkt d’Material a weider Erklärungen zougeschéckt.
Aart vum Concours
Schéckt är Klass d’Aufgab bis den 28.Mäerz 2025 era, kënnt dir mat e wéineg Chance un der grousser Finall an engem weidere Challenge op der Schoulfoire tëscht dem 27. An dem 30. Abrëll 2025 deelhuelen.