Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Startklar!

Zeréck goen

Startklar! ass e Léierprogramm, dee vu Jonk Entrepreneuren Luxembourg entwéckelt gouf an op de Prinzipie vun de Youth Start Challenges aus Éisträich baséiert.

D’Programm riicht sech u Schülerinnen a Schüler aus dem Fondamental am Alter vu 9 bis 11 Joer (Cycle C.3.2 a C.4.1) a besteet aus néng didaktesche Kapitelen, an deenen d’Kanner duerch praktesch an Aktivitéiten an Zesummenaarbecht  léieren, wéi ee mat Kooperatioun a Kreativitéit eppes Neies kann erschafen.

D’Kapitele baue systematesch openeen op a vermëttelen op eng spilleresch a motivéierend Aart a Weis déi grondleeënd entrepreneurial Kompetenzen. Vun der Ideatioun bis zur Ëmsetzung vun engem eegenen Verkafsevenement, entwéckelen d’Schüler wichteg Fäegkeeten a kréien e wäertvolle Bléck an d’Welt vum Entrepreneuriat an d’nohalteg Wäertschafung.

D’Programm kann zu all Zäitpunkt am Schouljoer duerchgefouert ginn an sech iwwer e puer Wochen zéien, jee no Rhythmus vun der Klass. Um Enn vum Schouljoer organiséiert Jonk Entrepreneuren Luxembourg (JEL) e Concours, bei deem déi Klass mat dem beschte Projet eng exklusiv Betribsvisitt gewanne kann.