Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Solar Car Challenge

Zeréck goen

Bei der Solar Car Challenge kréie Jugendlecher d’Méiglechkeet an enger Ekipp vu mindestens zwou Persounen e ferngesteierte Solarauto ze bauen a mat dësem un enger Course deelzehuelen. D’Bauphas kann am Kader vun engem Projet vu Léierpersonal oder soss erwuessene Persoune begleet an ënnerstëtzt ginn. De Projet riicht sech un eng Zilgrupp an engem Alter vun 12 bis 20 Joer. Nom Umelle kritt d’Ekipp e Bausaz vun eis, also der Gemeng Mäertert, mat deene wichtegste Baudeeler gratis geliwwert an huet dann e puer Wochen Zäit den Auto, a virun allem de Chassis, ze bauen. Um Renndag, Samschdes de 4. Juli (11-15h00) geet et dann an de Funpark op Mäertert. Hei trieden déi verschidden Autoen a 4 Disziplinne géinteneen un: Vitesse, Technik, Kreativitéit a Geschécklechkeet. Pro Disziplin ginn et 200 Euro ze gewannen.

Fir eng Ekipp unzemellen oder weider Informatiounen ze kréien, kënnt dir iech iwwer environnement@mertert.lu bei eis mellen.

Flyer - Solar Car Challenge 2026

Download

Reglement - Solar Car Challenge 2026

Download