Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

My Community Challenge – You(th) Start

Zeréck goen

Kuerz Beschreiwung

An dësem Challenge léiers du, wéi Wuelstand a Liewensqualitéit gemooss ginn. Du entdecks verschidde wirtschaftlech Indikatoren wéi d’Bruttoinlandsprodukt oder de Gini-Koeffizient duerch spannend Übungsstatiounen. No dëser Entdeckungsrees hues du d’Méiglechkeet, deng Kreativitéit ze beweisen: Du entwéckels däin eegenen Indikator fir Liewensqualitéit. Dëst fërdert kritescht Denken an eng nei Perspektiv op de Begrëff “Wuelstand.”

Informatiounen zu der Idea-Challenge

  • D’Challenge ass fir Schüler vun 3ème bis 1ère.
  • Den Enseignant kann d’Challenge mat de Schüler an der Klass maachen.
  • D’Schüler sollten eleng oder am Binôme dru Schaffen.
  • D’Schüler brauchen ca. 10 Schoulstonnen fir d’Challenge.
  • D’Challenge ass op Däitsch ODER Franséisch.
  • D’Challenge kann an all Fach gemaach ginn. Et geet em Kompetenzen wéi: Gesellschaftlech Verantwortung, sozial an ethescht Bewosstsinn, nohaltegt Denken.
  • Umelle fir d’Challengë kanns du deng Klass d’ganz Joer iwwer. Sidd der ungemellt, kritt dir direkt d’Material a weider Erklärungen zougeschéckt.

Aart vum Concours

D’Kiischt um Kuch:

Schéckt är Klass d’Aufgab bis den 28.Mäerz 2025 era,  kënnt dir mat e wéineg Chance un der grousser Finall an engem weidere Challenge op der Schoulfoire tëscht dem 27. An dem 30. Abrëll 2025 deelhuelen.