Idea Challenge – You(th) Start
Zeréck goen
Kuerz Beschreiwung
Ideen erfuerderen Empathie an en déift Versteesdemech fir d’Bedierfnesser vun aneren. Entwéckel och du en innovatiivt Produkt fir eng bestëmmten Zilgrupp an dro sou dozou bäi, d’Liewe vun anere Mënschen ze verbesseren. An dësem Challenge stells du e Prototyp hier, frees no Feedback a schaffs praktesch Léisungen aus. Mee denk drun, déi richteg Erausfuerderung läit doran, sech an d’Lag vun aneren ze versetzen.
Wéi kënns du op déi eenzegaarteg Iddi, déi net nëmme funktionell ass, mee och aneren hëlleft?
Start elo, sief kreativ an iwwerwann Barrièrë fir eppes Neies an Inspiréierendes ze schafen!
Informatiounen zu der Idea-Challenge
- D’Challenge ass fir Schüler vun 5ème bis 3ème.
- Den Enseignant kann d’Challenge mat de Schüler an der Klass maachen.
- D’Schüler sollten eleng oder am Binôme dru Schaffen.
- D’Schüler brauchen ca. 9 Schoulstonnen fir d’Challenge.
- D’Challenge ass op Däitsch.
- D’Challenge kann an all Fach gemaach ginn. Et geet em Kompetenzen wéi: Ideenentwécklung, Empathie, Perspektivwiessel, Erkennen vu Chancen, Léisunge sichen, Eegenverantwortung, Teamaarbecht.
- Umelle fir d’Challengë kanns du deng Klass d’ganz Joer iwwer. Sidd der ungemellt, kritt dir direkt d’Material a weider Erklärungen zougeschéckt.
Aart vum Concours
D’Kiischt um Kuch:
Schéckt är Klass d’Aufgab bis den 28.Mäerz 2025 era, kënnt dir mat e wéineg Chance un der grousser Finall an engem weidere Challenge op der Schoulfoire tëscht dem 27. An dem 30. Abrëll 2025 deelhuelen.