Fuerschen Dobaussen – Wochen Challenge
Zeréck goen
Kuerz Beschreiwung
Dir hutt e Cycle 3 a sicht nach e flotten an awer educative Programm fir mat ärer Klass ze maachen? Dann braucht der net weider ze sichen. Maacht mat bei eisem FuDo-Wochen Challenge a gewannt dobäi nach flott Präisser!
Ëm wat geet et?
Wëssenschaften si super spannend, mega interessant a richteg interaktiv!
Dobausse sinn ass gutt fir d’Gemitt, et ass ee kierperlech aktiv an de Geräischpeegel ass och e gutt Stéck manner.
Also firwat net déi 2 kombinéieren? Bei Fuerschen Dobaussen beäntweren d’Kanner selbststänneg Froen ausserhalb vum Klassesall. Se stelle Vermutungen op, testen an dokumentéieren se, presentéieren an diskutéieren se dono. Dofir brauch een net emol de gréisste Bësch oder déi gréngste Wiss bei der Schoul. Och op engem Schoulhaff léisst et sech wonnerbar dobausse fuerschen.
Macht also mat an entdeckt zesumme mat ärer Klass Fuerschen Dobaussen (www.fudo.lu ) !
Zesumme mat eise Partner dem #Team Waasser, dem Naturmusée an science.lu hu mir spannend Fuerscherfroe mat inspiréierendem Hannergrondwësse fir iech ausgeschafft.
Mee wéi geet dat elo?
- Mellt iech bis den 27. Mäerz hei un.
- Jeeweils freides (10.04, 17.04 an 24.04) kritt dir dann en neien Challenge vun eis, deen der innerhalb vun enger Woch musst léisen. Do steet genau dra wat der musst maachen.
- All Challenge ass an 1-2 Schoulstonne machbar.
- Wärend dem Fuerscherprozess leeën d’Kanner zesummen e Fuerschertagebuch un (eent pro Fuerschungsfro a pro Klass). Dëst géing der eis hei eroplueden oder eis per swisstransfer schécken.
- Déi 3 Klasse mat den detailléiertste Fuerschertagebicher gewannen eng Aktivitéit mat engem vun eise Partner: Nom Challenge komme si bei iech an d’Schoul a machen eng super spannend Aktivitéit zesumme mat ärer Klass.
A lass, mellt iech un!