Concours LdE-Engagementpräis
Zeréck goen
Kuerz Beschreiwung
Den Zentrum fir politesch Bildung (ZpB) luet Iech an, um LdE-Engagementspräis deelzehuelen.
De LdE-Engagementspräis belount Projeten, déi vu Klassen oder Schülergruppen duerchgefouert goufen. Dës Projete solle no der Method Léiere duerch Engagement (LdE), déi vum ZpB ënnerstëtzt gëtt, realiséiert ginn.
D’ Zil ass, dass d’ Schüler a Schülerinnen sech aktiv an der Gesellschaft oder fir d’ Gesellschaft engagéieren.
De LdE-Engagementspräis riicht sech un:
- D’ Grondschoul (6-12 Joer)
- De Cycle inférieur vum Lycée (12-15 Joer)
- De Cycle supérieur vum Lycée (16+)
Den Engagementspräis ass fir ëffentlech, privat an international Schoulen, déi op Lëtzebuerger Buedem sinn an ënnert de Lëtzebuerger Schoulsystem falen (Grondschoul a Lycée).
Déi agereecht Projete solle wärend de Schouljoren 2025/2026 oder 2026/2027 duerchgefouert ginn.
D’ Projete musse bis de 25. Juni 2027 agereecht ginn. D’ Gewënner ginn am Juli 2027 annoncéiert, an d’Präisiwwerreechung fënnt wärend der Woch vun der Demokratie am Oktober 2027 statt.
Méi Infoen
manuelle.worre@zpb.lu
Engagementspräis 26-27
Download

