Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Art Challenge by BEE SECURE

Zeréck goen

Dréck deng Gedanken op eng kënschtleresch Aart aus - a gewann flott Präisser!

Wollts du schonn ëmmer bei enger Art Challenge matmaachen a dobäi nach super Präisser gewannen?

Egal ob eleng, an enger Grupp oder mam ganze Klassesall – hei bass du richteg!

BEE SECURE presentéiert e ganz neit Format: d’„Art Challenge by BEE SECURE“!

Maach mat bei der éischter Editioun a schéck däi Konschtwierk zum Thema Cyber-Mobbing eran – Zeechnungen, Fotoen, Texter, Videoen, 3D-Kreatiounen an nach vill méi si wëllkomm.

Cyber-Mobbing ass e wichtegt Thema fir Jonker: Beim BEE SECURE Radar 2025 hu bal d’Hallschent vun de 12–16-Järegen uginn, datt Cyber-Mobbing hir gréisste Suerg ass.

Hei hues du d’Chance, deng Gedanken, Gefiller oder Virstellunge kreativ auszedrécken – a flott Präisser (z. B. Bonge fir grouss Akafszentren) ze gewannen!

Wien dierf matmaachen?

Schüler vu 7e bis 1ère

Du kanns aleng, an enger Grupp oder mam ganze Klass matmaachen.

Wéi eng Formater si méiglech?

Denger Kreativitéit si keng Grenze gesat! Dës Formater si wëllkomm:

  • Zeechnungen, Collagen, Fotoen oder Illustratiounen
  • Digital Illustratiounen oder 3D-Designen
  • Texter oder Gedichter
  • Kuerzvideoen
  • Skulpturen an aner 3D-Konschtwierker
  • Kombinatioune vu verschiddene Formater

Bei KI-generéierte Wierker: ginn d’Tools an d’Prompte (an engem passenden Ëmfang) un a bestäteg, datt et däin eegent kreativt Wierk ass.

Wat kann ee gewannen?

  • Jury-Auswiel:
    • Ausstellung vun de ausgewielte Wierker um Safer Internet Day, den 10. Februar 2026, am Kinepolis Kirchberg
    • Zertifikat fir all ausgewielten Artist
  • Publikumsvoting:
    • Um Safer Internet Day (10. Februar 2026 am Kinepolis Kirchberg) wielt d’Publikum d’Gewënner
    • D’Gewënner kréien attraktiv Präisser (z. B. Bongë fir grouss Akafszentren)

Einsendeschluss

  1. Dezember 2025

reglement-bee-secure-concours-artistique

Download